Sportshal: Happy Painting
06.02.2020Am Happy Painting geet et dorëms intuitiv ze molen an säi Gléck an de Faarwen ze fannen.
Eis Kanner konnte frei entscheede wat se mole wollten a konnte jee no Loscht a Laune tëscht verschiddene Faarwen a Zorte wielen. Sou hunn déi eng mat Waasserfaarwe gemoolt, anerer mat Bläistëftsfaarwen. A puer Kanner hunn och déi veschidde Faarwe gemëscht. Wärend d'Kanner Musek gelauschtert hunn, sinn esou flott Biller entstanen. Et war och interessant ze gesi wei déi Kanner di wärend dem Atelier erageluusst hunn sech dobäi gesat hunn fir matzemolen.
» Fotoen