Sportshal: Seedbombs
29.07.2021Mer wollten haut eppes fir eis Natur maachen
Well mer et flott fanne wann am Fréijoer alles blitt hunn mer entscheet Seedbombs ze maachen déi mer dann och aussetze kennen. Seedbombs sinn aus Buedem a Toun geformte Kugelen an deene Blummesom dran ass. De Som ass esou virun Déiere geschützt an huet all Närstoffer déi de Som brauch fir opzegoen an ze wuessen dowéinst mussen se och net onbedéngt an de Buedem geplanzt ginn. De Som gëtt esou och net vum Wand oder dem Reen wechgespullt.
Am Allgemengen eegent sech des Methode fir méi robust Planze wei zum Beispill Rengelblummen, Karblummen, Kamille, Sonneblummen .......
Des Kugele gi gäre benotzt fir am urbanem Raum Flächen déi brach leien ze beplanzen.
All Kand huet an enger Schossel Buedem mat e bësse Waasser gemëscht sou dass en Bulli entstanen ass. De Bulli hunn d’Kanner a klenge Portioune mat Som gemëscht an zu enger klenger Kugel geknätscht. Di fäerdeg geformte Kugele si fir ze dréchnen op Zeitungspabeier geluecht ginn. Obwuel d’Kanner am Ufank e bësse gezeckt hunn de Bulli an de Fanger ze hunn, huet et hinne schnell Spaass gemaach an et si witzeg Gespréicher entstanene wei zum Beispill dass Leit sech Bulli fir d’Schéinheet an d’Gesiicht schmieren. Munch Kanner wëllen hier doheem am Gaart wuesse loossen. D’Kanner déi a Wunnenge liewen hunn driwwer diskutéiert wou se hier Seedbombs wëlle wuesse loossen. Dëst solle Platze si wou sinn oft laanschtgi fir dass se och gesi wat draus gëtt. Mer si gespaant wat d’Kanner eis dozou ziele wäerten.
» Fotoen