Sportshal: Massage
02.12.2021D’Kanner haten haut Loscht ob e gemitterlechen Nomëtten an esou ass entscheet ginn eng Massagestonn mat Hëllef vun enger Geschicht ze maachen.
Sie hunn sech fir eng Geschicht mat engem verréckte Wiederbericht entscheet. Jee nom Wierder an der Geschicht hu se misste mat de Fangerspëtzten ob de Réck tippen, mol méi schnell mol manner schnell mat de Fangeren oder den Hänn klappen oder op de Réck molen.
Nodeems d'Kanner d'Beweegungen all op enger Yogamat ausprobéiere konnten ass et du lass gaangen. An klengen Zweeërgruppen hunn si sech eng Yogamat geholl fir sech ofwiesselend ze masséieren.
D’Kanner hunn enorm opgepasst dass et esou angeneem wie méiglech war an hunn nach weidergemaach nodeems d’Geschicht scho fäerdeg war.
» Fotoen