passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

AL Gemeng : Eis Bäcker aus dem Cycle 2

26.03.2025

Eis Hobbybäckerin Carolina léiert d'Kanner lauter einfach Bakrezepter fir doheem nozemachen.



An engem klenge Projet huet d'Carolina an deene leschte Wochen emmer nees ee klengt einfacht d'Bakrezept mat de Kanner ausprobéiert.

Zesummen hu si virdrun d'Iddien gesammelt wat se wéilte baken.

Nodeems daat Wichtegst geklärt war a se sech alleguer eens waren waat se bake wëllen, gung et och scho lass.

Ob Pudding, Orangekuch, mini choux oder Äppelcrumble, t'Haaptsaach "Eppes Leckeres!"

Mettlerweil sinn d'Kanner och scho richteg Experten a jiddreen huet seng Tâche fonnt déi him am beschte gefällt; alles ofweien, d'Miel, d'Eeër an d'Mellech vermëschen oder Bakformen afetten; fir all Kand ass emmer déi richteg Aufgab dobai.

Ob de Fotoën weise mer iech déi schéinste Momenter aus deene verschiddenen Aktivitéiten.




» Fotoen