Sonnepavillon : Tic Tac Toe
13.11.2024Bei groem November Wieder hunn d’ Kanner et sech net huele gelooss fir ee spannend Spill zesummen an eisem Haff ze spillen.
Mat Reefer hunn si en Tic-Tac-Toe Feld op de Buedem geluecht an hunn kleng faarweg Bäll amplaz vum normaler X an O dobäi geholl.
An 2 Equippen agedeelt hunn d‘ Kanner noeneen d‘ Bäll an d‘ Feld geluecht an déi aner Kanner hunn dat ganzt mat vill Spannung verfollegt. Ween leet als éischten déi 3 selwecht Bäll beieneen? Ronnen em Ronnen sinn esou gespillt ginn an d‘ Partien sinn ëmmer knapp op en Ënn gaangen.
Mat dem flotten spannenden Spill gouf d‘ Mëttesstonn zu engem schéinen Moment fir jiddereen.
» Fotoen