passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Mer waren um Maart

26.04.2022

Zwee vun eise Kanner haten an hirer Cité e Stand gemaach wou se selwer gebastelt Saachen a Floumaartartikele verkaf hunn. Hieren Gewënn wollten si un d’Affer vum Krich an der Ukrain spenden. Déi zwee Meedercher hunn bei eis am SEA deenen anere Kanner dovunner gezielt. Esou ass dunn bei de Kanner d’Fro opkomm op si mam SEA kéinten e Stand um Beetebuerger Maart maache fir nach méi Spenden ze sammelen.



Eis Kanner waren enorm motivéiert an hunn a kuerzer Zäit Stoffkierf mat verschiddene Friddenszeeche gemaach, kleng gemoolt an mat Blumme gefëllt an e puer Biller an Holzschéiwe mat Fadenkunst hiergestallt.
Mer haten och d’Ënnerstëtzung vun Elteren di eis Saache gespent hunn.

D’Kanner hate genau Virstellunge wei hire Stand soll ausgesinn an hunn sech eng Skizze opgezeechent. Och d’Kanner aus dem Reeboupavillon hunn sech um Stand bedeelegt.
Fir dass och eis Bierger Bescheed wësse sinn d'Kanner vu Boîte zu Boîte getrëppelt a selwer gemaachen Aluedungen ageheit.

Wei den Dag du koum waren d’Kanner ganz opgereegt a voller Virfreed. Eent vu de Meedercher huet d’Leedung iwwerholl a mat de Kanner gekuckt wie wat opgeriicht a dekoréiert soll ginn. D’Kanner hunn sech och gutt iwwerluecht wei si d’Leit uschwätze wëllen. Et koumen och munch Elteren di eis Kanner ënnerstëtzt hunn.

Eise Stand hat vill Erfolleg an eis Kanner kennen zu Recht stolz sinn.

 

 




» Fotoen