Sportshal: Mir maachen eis eegent "Mensch ärgere dich nicht" Spill
09.10.2020Un dësem flotte Spill hunn eis Kanner laang a fläisseg geschafft.
Mënsch ierger dech net
Als éischt hunn si sech iwwerluecht wei d'Spillfeld soll ausgesinn an hunn et op eng Holze Plack opgezeechent. Wei dat gemaach war sinn all Spillfelder an d'Holz agebrannt ginn. Dëst huet vill Zäit geholl an d'Kanner hu vill Gedold bewisen. Zu gudder Lescht gouf d'Spillfeld nach faarweg gemoolt. Och Spillfiguren hunn d'Kanner selwer gemaach. En Holzbengel ass a 16 kleng Stecker geseet ginn. Des Stecker goufe glat geschlaff a duerno faarweg ugemoolt. Zu gudder lescht goufen nach zwee Wierfele gemaach. D'Kanner kennen zu Recht stolz op hiert gelongent Wierk sinn a wäerten nach vill Spaass hunn fir domadder ze spillen.
» Fotoen