Sportshal: Mir bauen ee Flipper
15.01.2021Eis Kanner haaten d’Idee fir dese flotte Projet nodems sie gesinn hun weivil Spass et gemaach huet d’Mensch-ärger-dich-nicht-Spill hierzestellen.
An engem eichte Schrett hu si sech iwwerluecht wei hire Kicker soll ausgesinn an hunn en detailléierte Plang erstallt. Sie hunn sech och gutt iwwerluecht wat fir en Material si dofir brauchen.
Sie hunn e Gerüst gebaut fir dass de Kicker stabil steet an den Hannergond dovuner farweg gestallt. Mat Holz,Lastiker a Schrauwen hunn sie motiveiert d’Enzeldeeler hiergestallt. Den Dan stung hinnen zu al Moment zur Seit an huet gehollef wann et neideg war. No e puer Wochen Aarbecht war de Kicker du fäerdeg a konnt säin éischten Testlaf maachen a Kanner hu schonn Iddie wat se verbessere kennen.
Et war fir eis Kanner eng immens flott Erfahrung dese Projet ze realiseiren an sie hatten vill Freed un der Planung an der Hierstellung. Och mir Erzéier staunen ëmmer erëm wat d'Kanner fir flott Iddien hunn a mat wat fir enger Motivatioun se déi och duerchzéien.
» Fotoen