passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Mir maachen Elefantenzahnpasta

22.02.2021

Haut maache mer e klengt Experiment. Frot weg är Elteren ob si iech hëllefen.



Dat gëtt gebraucht:
-Eng Fläsch,
-Waasserstoffperoxid (6%) dat kritt der an der Apdikt
-Spullmëttel
-1 Pack Hief
-3 Iessläffele waarm Waasser
-Liewensmëttelfaarw
-Eng Ënnerlag, zum Beispill e Bakblech

Ditt zu ärer Sécherheet Hännercher un. Wasserstoffperoxid ass jee no Konzentratioun, en stark Oxidationsmëttel, d.h. et bleecht Textilien a kann d’ Haut ugräifen. Vermeit dofir de Kontakt mat Kleeder, Haut oder ären Aen. D’ Reaktivitéit hellt mat der Konzentratioun zou, dofir benotze mer just 6%gen Waasserstoffperoxid.

Wat derhannert stécht:

Waasserstoffperoxid, kuerz H2O2, ass eng chemesch onstabille Verbindung. Se zersetzt sech a Waasser (H2O) an Sauerstoff (O2), mee des Reaktioun verleeft normalerweis ganz lues. Mat der dréchener Hief als Katalysator gëtt des Reaktioun beschleunegt. Et entsteet bemol ganz vill Sauerstoff mateneen a duerch d’Spullmëttel entwéckelt sech Schaum. D’Fläsch gëtt dobäi waarm, well d’ Reaktioun exotherm ass, dat heescht et gëtt Hetzt fräigesat. Et ka souguer esou waarm ginn, dass iwwert dem Schaum e bësse Waasserdamp opkënnt.

De Schaum ass net méi geféierlech, well de Waasserstoffperoxid zerfall ass.  Elefantenzahnpasta dierf net als Zahnpasta benotzt ginn.

Vill Spaass beim Nomaachen, mer géifen eis iwwert eng Foto vun arem Versuch freeën.