Sportshal: Käschteseef
09.11.2021Op dem Schoulwee hunn eis Kanner Käschte gesammelt an se hunn sech gefrot ob en ausser flott Saachen ze bastelen d’Käschten och nach fir aner Zwecker gebrauche kann.
D’Erzéier hunn hinnen du gezielt dass an de Käschte Stoffer sinn aus deene Seef gemaach ka gi fir d’Hänn oder och d’Gezei ze wäschen, Dat wollten d’Kanner ausprobéieren. Als éischt sinn di gesammelte Käschten aus dem Schlasspark gutt mat Waasser gewäsch a gedréchent ginn. Mat engem Messer goufe Käschte geschielt a kleng geschnidden. Di kleng Käschtestecker hunn d’Kanner mat e bësse Waasser an eng Fläsch gefëllt. No e puer Stonnen am Frigo huet dat Käschten-Waasser-Gemësch ugefaangen ze schaimen, dëst ass en Zeechen dass Lauge entstanen ass. Als leschte Schrëtt ass eis Seef duerch e Duch gefiltert an eng aner Fläsch em gefëllt ginn. D’Kanner kruten all eng Fläsch mat hirer selwer gemaache Seef déi se stolz mat heem geholl hunn.
» Fotoen