Sportshal: Mir bastelen Chrëschtkarten
18.12.2020Chrëschtdag ass dëst Joer anescht wei soss an dat beschäftegt eis Kanner. Sie wollten Kaarten bastelen.
Wärend di eng Kanner wëlles hunn hier Kaarten un hier Famill a Frënn schécken déi se Feierdeeg net kenne gesinn, wëllen anerer Kanner Mënschen eng Freed maachen déi op hier Famill verzichte mussen. Esou hat Diane Iddi déi gebastelt Kaarten an en Foyer de jour ze ginn fir eeler Léit. Dodrops hinn huet Jennifer de Kontakt zu engem Foyer hiergestallt. Well Kanner Kaarten net perséinlech an de Foyer bréngen kënnen hunn Diane an Jennifer se am Foyer ofginn. De Gedanken anere Mënschen eng Freed ze maachen huet eis Kanner ugedriwwen an sou si vill flott Kaarten entstanen di d’Kanner mat vill Gedold a Fantasie gestalt hunn. Wärend dem Schaffen huet d’Gespréich sech oft em Grousseltere gedréint. Och wei et wuel ass al ze ginn ass en Thema wat eis Kanner beschäftegt an sie hunn vill Froen gestallt iwwert den Foyer an wat Léit do maachen.
An Kanner waren glécklech wéi sie vun den Léit aus dem Foyer Kaarten zréck kruten.
» Fotoen