Sportshal: Macramee
11.07.2024D’Kanner hate Loscht Makramee ze maachen an haten sech schnell decidéiert fir e Schlësselunhänger ze probéieren.
Fir den Unhänger brauche mer vu Material Makramee Fuedem, ee Rang, Meter, Scheier a Scotch.
Schnell gouf sech fir eng Fësch Floss entscheet. Dobäi gi rëm ënnerschiddlech Makramee Kniet Techniken an engem gewëssen Oflaf benotzt, fir des Optik hin ze kréien. Als Hëllef hu mer e Video op Youtube benotzt. Mat dëser Hëllefsstellung si d’Kanner gutt eens ginn a hu kaum Hëllef gebraucht. Si haten hier Unhänger dunn och zimmlech schnell fäerdeg a hunn se houfreg mat heem geholl.
» Fotoen