passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : D'Geschicht vum Anne waat am warme Schokela lung.

15.01.2025

Et wor eemol eng kleng Banane déi schon emmer dovu gedreemt huet fir sech eng Kéier an de warme Schokela ze setzen.



"Gott sei Dank ass dobausse sabbelecht Wieder" hun d'Kanner geduecht, "lo kenne mir eis endlech géigesaiteg tréischten andeems mir Pangecher machen".

Mee virunallem wollten si hierer gudder Frendin Anne endlech hieren Dram erfëllen.

D'Anne Banane wollt sech schon emmer eng Kéier am warme Schokela ze wentzelen.

Schnell hun d'Kanner d'Sara geruff an hatt em Hëllef gefrot; Miel, Mellech, Eer an e besse Salz ware séier erbai gezaubert a scho gung et lass mam Réieren a Baken.

Nodeems déi kleng ronn Pancakes endlech ferdeg gebak waren koum dem Anne seng grouss Stonn.

All Kand krut sai warme Pangesch op den Teller an huet dee gudde Schokela drop geschmiert deen sech ganz lues um Deeg verdeelt huet.

D'Anne war ganz ongedëlleg an huet sech vu Freed an lauter kleng Scheiwen verwandelt an ass vun Teller zu Teller a vu Pangesch op Pangesch gesprongen.

Ei waat war daat eng Freed; genësslech huet hatt sech ganz lues mat sengem Puupes an de Schokela gesat, huet sech dra geluecht a gerullt bis et voll mat warmem Schokela war.

Wat war daat ee Genoss, fir d'Anne Banane a fir eis Kanner aus dem SEA.




» Fotoen