passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Wikingerschach

23.10.2020

Eis Kanner hate Loscht e Spill selwer ze maachen an Wiel ass ob e Wikingerschach gefall.



Dëse besteet aus 10 rechteckegen Tierm, och Kubbs genannt, 6 ronne Wurfhölzer, 4 Begrenzungshölzer an engem Kinnek.Kanner hunn Holzstécker op Moss geschnidden an ofgeschlaff bis si sécher waren dass keng Spläiteren iwwreg bliwwe sinn. De Kinnek ze maache war e bësse méi kniwweleg wéinst senger Kroun. Fir des eraus ze seen hunn Kanner misste präzis mat der See schaffe woubäi se hunn misste gutt oppassen dass déi net wärend dem Seen verrutscht.

Am beschte spillt en dat Spill dobausse well en e bësse Platz brauch. Spillfeld soll ongeféier 5 x 8 Meter laang sinn. Déi kuerz Säite vum Feld sinn Grondlinn wou jeeweils 5 Kubbs mat ongeféier gläichem Ofstand opgestallt ginn. An Mëtt vum Spillfeld kennt de Kinnek stoen. Ziel vum Spill ass et Kubbs vum Géigner mat de ronnen Holzstaangen em ze geheien ouni dass de Kinnek emfällt. Dësen dierf just zum Schluss ëmgeheit gi wann dem Géigner seng Kubbs all ëmleien.




» Fotoen