Sportshal: Eng nei Badgetafel
21.09.2023Mer brauchen eng nei mobil Badgetafel a Kanner hu Loscht eng nei ze gestalten
Se muss magnéitesch sinn a genuch Platz hu fir dass all Kand Platz fir sein Numm drop fennt. Mer hunn zou Metallplacken fonnt an d’Kanner hunn nat Kreppband Andeelungen drop gemaach. Den Ufank war e bësse kniwweleg, mee mat e bëssen Hëllef huet dat gutt geklappt.
Nom Oppechen hunn d’Kanner sech Faarwen erausgesicht a Placke schéi gläichméisseg ugesprayt. Well d’Kanner dat dobausse gemaach hunn, hunn se misste gutt oppassen aus wat fir enger Richtung de Wand komm ass. Si hunn dat awer richteg gutt hikrut an d’Faarw schéi gläichméisseg verdeelt.
Nodeems Faarwe gedréchent war gouf nach de Kreppband ofgezunn an d’Resultat si richteg schéin Tafelen di elo all Dag am Gebrauch wäerte sinn.
» Fotoen