Sportshal: Woch vun der mentaler Gesondheet
14.10.2022Am Kader vun der „Semaine de la santé mentale » hu mer zesumme mat eise Kanner d’Emotiounen thematiséiert.
Mer hunn ganz vill iwwert déi verschidde Gefiller geschwat. Eis Kanner haten du déi flott Iddie a Gefillsbarometer ze bastele wou jidderee ganz einfach säin aktuellt Gefill weise kann. Mer hunn de Gefillsbarometer am Gank opgehaangen an all Dag ginn d’Kanner hin a kucken duerno. Ganz flott fannen d’Kanner och eist Gesellschaftsspill mam Farwemonster. Hei kennen d’Kanner erziele wat fir eng Situatioune bei hinnen ënnerschiddlech Emotiounen ausléisen. ( Roserei, Trauer, Eekel, Gléck, Geloossenheet a verléift sinn ) Kanner hunn schnell festgestallt dass mer ëmmer Emotiounen hunn an et ass hinne liicht gefall doriwwer ze schwätzen.
Och no dëser spezieller Woch wäert dat Thema Emotiounen eng Roll an eisem Alldag spillen a Kanner wëllen sech och weiderhi mat dem Thema befaassen.

» Fotoen