passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Trommelzauber

30.10.2020

Haut hat et sech erginn dass en Här vun Trommelzauber bei eis an der Hal war fir mat de Spillschoulskanner ze trommelen.

Déi spontaansten Aktioune si meeschtens déi bescht: an der Mëttesstonn war den Här vum Trommelzauber esou léif an huet och mat eise Kanner getrommelt. Déi ware begeeschtert  an hunn mat vill Freed matgemaach. Et gouf vill gelaacht, gedanzt, gesongen an natierlech getrommelt. 

Trommele fuerdert motoresch Fäegkeeten, Rhythmusgefill, Koordinatioun, Konzentratioun a Gediechtnes. Kreativitéit a Emotioune ginn ugereegt, Stress a Frust kann ofgebaut ginn.  Trommelen an der Grupp fuerdert sozial Kompetenzen an doduerch dass d'Kanner ganz schnell e Resultat hunn sinn se extrem motivéiert fir weider ze maachen. Doduerch dass se Spaass dobäi hunn entsteet eng flott Gruppendynamik wou se all mat Freed zesumme schaffen. 




» Fotoen
» trommelzauber.de/