passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Fläschengaart

17.03.2022

D’Kanner haten d’Iddie en klenge Gaart an enger Fläsch unzeleeën.



Als eicht hunn se sech an engem Buch informéiert wei se musse virgoen a wat se alles u Material brauchen. Nodeems se dat ganz Material an och e puer kleng Planzen zesumme gesicht hunn, ass als eicht eng grouss Plastiksfläsch an zwee Deeler opgeschnidden. An den ënneschten Deel hunn se kleng Steng, Holzkuel, Nossschuelen a Buedem gefëllt. Da goufen d’Planzen agesat a mat Waasser fiicht gemaach. Zum Schluss ass den ieweschten Deel drop gesat ginn an déi zwee Deeler zesumme gepecht ginn.
Elo muss de Fläschegaart just nach en Zäit op enger heller, waarmer Platz stoe bis sech Kondenswaasser bilt.

Un esou engem Fläschegaart ass flott dass dëse ganz autonom funktionéiert a Jore laang bestoe kann ouni dass en sech këmmere muss. Duerch Zesummespill vu Sonneliicht a Waasser entwéckelen sech Närstoffer a Gasen déi en perfekt klengt Mini-Ökosystem an der Fläsch um Lafen halen. D'Waasser wat am Ufank agefëllt gëtt verdonst a setzt sech bannen un d'Wänn. D'Planze filtere wärend der Photosynthese de Kuelendioxid aus der Loft a gi frësche Sauerstoff of. Sou entsteet e Kreeslaf den éiweg weider leeft. D'Kanner si ganz stolz op hire Fläschegaart a ginn sech en ëmmer rëm ukucken. Wann alles gutt leeft wäerte mer nach laang Freed drun hunn.

 

 




» Fotoen