Sportsdag am SEA
12.09.2022Den leschten Dag vun der grousser Vakanz haten eis Sportserzéier fir all Kanner aus dem SEA een Sportsdag organiséiert.
Kanner waren ganz begeeschtert an konnten un villen flotten Bewegungsatelieren deelhuelen:
vum Danzatelier, Yoga, Airtramp, Staffellaf bis zu Teamspiller gouf alles ugebueden. Dei Kleng haten een aneren Programm wei déi Grouss esou dass och alles dem Alter entspriechend ugebueden gouf.
An der Mëttesstonn haten mir een Barbecue gemaach fir jiidereen. Kanner an Erzéiern haten een flotten Dag an als Ofschloss kruten Kanner all een Diplom an déi verschidden Gruppen hunn eis nach hiren Danz gewisen.
» Fotoen