Sportshal: Ninja Warrior Beetebuerg
22.01.2021Nodeems eis Kanner begeeschtert vun der Sendung Ninja Warrior geschwäermt hunn duechte mer eis selwer och esou e Parkour mat de Kanner ze maachen.
Mer hunn eis ugekuckt wat mer vu Material zur Verfügung hunn a wei mer esou e Parkour gestalte kéinten.
Et goufe verschidde Statiounen opgeriicht déi Kanner sech a Rou ukucken an austeste konnten. Duerno huet all Kand de Parkour gemaach a probéiert sou schnell wei méiglech ze sinn ouni Feeler ze maachen. Dobäi hunn mer Zäit gestoppt an sou eise Beetebuerger Nina Warrior Gewënner fonnt.
Bei dëser Aktivitéit ass net nëmme Grob- a Feinmotorik gefuerdert mee och d’Gläichgewiicht, Ausdauer a Koordinatioun. Eis Kanner hunn dat richteg gutt gemeeschtert hunn wei en op de Fotoe kann gesinn. All Kand huet de fir sech beschte Wee fonnt fir de Parkour ze maachen. Kanner hate vill Spaass beim Bewältege vun de Statiounen a hunn scho gefrot fir des Aktivitéit ze widderhuelen.
» Fotoen