Sportshal: Parfaitement en règles
25.05.2023Och des Joer ginn an eiser Gemeng d’Workshoppen zum Thema Menstruatioun ugebueden a mer hunn eis Meedercher gefrot wien Interesse drun huet.
Nodeems sech 17 Meedercher gemellt hunn hu mer eis ugemellt a sinn dohinner gaangen. Eis Meedercher haten en spannenden an informativen Nomëtte wou se spilleresch vill iwwert hire Kierper gewuer gi sinn. Mat Hëllef vun enger sympathescher Hiefamm konnten se verschidde Menstruatiounsproduite kenneléieren an all hier Froe goufe beäntwert. Sie hunn sech sichtlech wuel gefillt a mer hunn eis gefreet iwwert déi positiv Réckmeldunge vun eise Meedercher an hiren Elteren.
» Fotoen