Sportshal: Mir spille Peixinho
21.01.2025Haut wëlle mer mol en neit Kaartespill ausprobéieren. Dëst ka mat mindestens 4 Spiller gespillt ginn sou dass vill Kanner kenne matspillen.
Bei dësem Spill geet et drëms sou vill „Peixinhos“ wie méiglech ze sammelen. E Peixinho besteet aus 4 Karten. Déi hunn di selwecht Zuel awer 4 verschidde Symboler. (Zum Beispill eng 4 Pic, 4 Häerz, 4 Karo, 4 Raut)
Fir ze sammele brauch en e gudde Verhalt a strategescht Denken. Et kann e bei engem anere Spiller froen ob den eng bestëmmte Kart huet oder eng aus dem Koup an der Mëtt huelen. Um Enn vum Spill wa keng Kaarte mei iwwreg sinn, gëtt gekuckt ween di meeschte Peixinhos gesammelt huet.
D’Kanner hate Reegele schnell verstanen a hu fair a mat Freed gespillt. Di nächst Partie ass scho geplangt.
» Fotoen